Aktuell
____________
Wėllkomm
____________
Archiv
Projet de loi n° 4985
____________
Loi relative aux chiens
____________
Äre Kommentar
____________
"Kampfhėnn"
____________
MMM
Links
Kontakt
Sichen...
Aktuell arrow Wėllkomm
Wėllkomm ob eiser Homepage PDF Drucken E-Mail

D’Initiativ " MMM " (Mënschen mat Muppen) ass 2006 als spontan Reaktioun op de "Projet de loi relatif aux chiens" (doc. parl. n° 4985²) gegrënnt ginn.

Wann dëse Gesetzesprojet an däer Versioun vun 2006 gestëmmt gi wier, hätt d'Liewen vun deene meeschten Hënn an hieren Besëtzer sech radikal verännert. Well dat hätt nämlech geheescht:

  • fir all Hënn (ausser d'Juegdhënn am Déngscht, d'Police- an Douaneshënn) generell Leinenpflicht (also och an enger Wiss oder iwerall am Bësch, ausser op speziell vun de Gemengen aménagéierten (cloturéierten) Terrain’en, déi hei zu Lëtzebuerg ganz rare sin).
  • drakonesch Strofen wann een säin Hond net un der Léngt gehat hätt an dobäi erwëscht gi wier (251 – 20.000 €). Dat hätt bedeit dass een sech enger Strofdot schëlleg gemaach hätt, een also kriminell gewiescht wier, wann een séngem Hond hätt wëllen erméiglechen fräi ze lafen.
  • jiddereen, dee sech duerch Äre Mupp gestéiert gefillt hätt (ouni konkret Beweiser) eng Plainte géint Iech beim Buergermeeschter hätt kënne maachen. Den Hond hätt doropshin einfach kéinten eweggeholl ginn, an en hätt souguer (mat Geneemegung vum Procureur) aschléiferen gelooss kënne ginn. (Et sollen jo och Noperen bei eis am Ländchen gin, déi gären an vill mateneen streiden.)

Am Joër 2002 war déi éischt Versioun (23/07/2002) vum Staatsrot fir net gutt befond ginn (nozeliesen hei, 10/12/2002). En ass dunn liicht geännert gin an kuerz drop erëm un den Staatsrot gaang.

Deemols waren och iwwert 10.000 Ënnerschrëften vun Leit, déi net mat dësem projet de loi averstan waren, deeposéiert gin.

Duerch "Virfäll" mat Muppen (ausgerechent am Summerlach 2006) ass d'Fuederung duerch d'Medien gaang, dass dach endlech misst eppes ënnerholl ginn.

Esou koum et, dass dësen projet 2006 erëm aktuell ginn ass an de Staatsrot erëm säin avis dozou sollt ofginn. 

Den avis vum Staatsrot (12/12/2006) iwwert déi zweet Versioun vum projet de loi ass dunn zum groussen Erstaunen vu ville Leit positiv ausgefall. 

D'Hondsfrënn hunn verstan dass elo misst eppes passéieren an si hunn sech iwwert de Wee vun énger Pétitioun Gehéier verschaft. Och d'Press huet d'Thema opgegraff

Och D'Regierung an d'Volleksvertrieder hunn verstan dass et net gutt wier de projet ënnert däer Form ze votéieren.

Am August 2007 sinn nei Amendementer vun der Regierung agereecht ginn, zu deenen den Staatsrot säin avis complémentaire den 27. Novembre 2007 ofginn huet.

Am Februar 2008 ass den Rapport vun der commission parlementaire ugeholl ginn an d'Gesetz gouf den 20. Februar 2008 an der Chamber gestëmmt.

Déi nei Legislatioun ass zënter dem 1. Juni 2008 applikabel (mat Iwwergangsbestëmmungen).   

 

 

MMM bleift weiderhin um Ball an setzt sech och weider fir d'Rechter vun den Hënn an. 

 


Mir verstin selbstverständlech och déi Leit, déi net esou frou mat Muppen sinn an/oder se fäerten. Et ass also och net eis Absicht, dass all Mënsch säin Hond soll kënnen egal wou lafe loossen, ouni sech drem ze bekëmmeren.

Leider gin et effektiv och Menschen mat Muppen déi hier Matmënschen net mat dem néidegen Respekt behandelen, an emmer dann soen: "Hien deet näischt", oder "En wëllt nëmmen spillen", wann hieren Hond laanscht Leit spréngt, oder d'Katzen äus der ganzer Noperschaft op d'Beem gedriwwen huet.

Do appeléieren mir och ganz kloer un d'Manéierlechkeet an den gesonden Mënscheverstand vun all den Muppenbesëtzer.

Mir wëllen awer och net, dass eis Muppen bestrooft gin, well vereenzelt Leit mat Muppen sech net behuelen, wéi et sollt sin.

 

Dës Homepage ass also geduecht fir ze probéieren, e bësselchen opzeklären, wat dat neit Muppegesetz ubelaangt, (an dat méiglechst breet an méiglechst objektiv)

an dësem Sënn,       
d'Leit vun an ëm MMM

E-mail: Diese E-Mail Adresse ist gegen Spam Bots geschützt, Sie müssen Javascript aktivieren, damit Sie es sehen können

 

 

 
Fotoën: (c) Pascal Thill
 
 

 

 

 

Letzte Aktualisierung ( Wednesday, 13. August 2008 )
 
< zurück